|
D’asbl OP DER SCHOCK baut eng Wunnstruktur fir Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung zu Mäerzeg.
D’Wunnstruktur gëtt an 2 Gruppen opgedeelt, an deenen d’Leit an enger familjenähnlecher Atmosphäre zesummeliewen. Zu all Wunngrupp gehéiert och een Zëmmer, wou Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung fir ee kuerzen Zäitraum (Weekend, eng oder méi Wochen) oder an enger Noutsituatioun kënnen opgeholl gin. Ausserdem sin 3 Studioe virgesin, an deenen 1-2 Leit méi autonom kënne liewen.
Wann Dir dëse Projet wëllt ënnerstëtzen, kënnt Dir daat maachen mat engem Don op de Kont IBAN LU27 0030 1541 8990 0000 bei der BGL (BGLLULL)
Mir soen Iech villmols MERCI!

|


An eisem Atelier protégé zu Réiden schaffen 25 Mënschen mat enger geeschteger Behënnerung.

|
De CPP, oder Formatiounsdingscht, hëlt Jugendlecher an Erwuessener mat enger geeschteger Behënnerung op, déi net méi schoulflichteg sinn an déi d’Potential hun fir de Statut vum Travailleur handicapé um Schluss vun hirer Formatioun ze kréien. De CPP bereet si vir op d’Aarbecht am Atelier protégé.
D’Missioun vum CPP ass et deemno, Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung eng Formatioun unzebidden, déi hinnen et erméiglecht hir Kompetenze weiderzëentwéckelen, an den Niveau ze erreeche fir kënnen am Atelier Protégé ze schaffen. Zur Ausbildung gehéieren souwuel déi verschidden Arbechtsberäicher, wéi och d’Weiderentwécklung vun der perséinlecher Selbstännegkeet an de Sozialkompetenzen déi néideg sin fir enger Aarbecht nozegoen.
D’Ausbildung ass ugepasst:
• un deem eenzelne Client seng Fäegkeeten, Stäerkten an Interessen,
• an un d’ Ufuerderunge vun der Aarbecht am Atelier Protégé.
Service d’Activités de Jour
|
Fräizäit a Berodung doheem
|
D’Missioun vum Fräizäitservice ass et
Fräizäitaktivitéiten vir Mënsche mat enger
geeschteger Behënnerung unzebidden, ze
organiséieren an z’ encadréieren, an hinnen
doduerch d’Méiglechkeet ze ginn um
gesellschaftleche Liewen deelzehuelen.
Eis Zieler sin:
- Integration an d’Gesellschaft
- Sozial Isolatioun verhënneren
- Treffpunkt unbidden
- Sozial Kontakter erméiglechen
- Perséinlechkeetsentwécklung ënnerstëtzen
- Weiderbildungsméiglechkeeten ubidden
- Selbstbestëmmung
- Berücksichtegung vun eegene Wënsch an Ideeën
- Entlaaschtung vir d’Familljen
- eng Fräizäitgestaltung ausserhalb vun der Famill
ubidden
Pro Mount kennt e Programmheft, den „Flizzi“,
eraus, wou ënnerschiddlech Aktivitéiten ugebuede
ginn, vir déi d’Leit sech jee no Interesse
kennen umellen.
weiderliesen ...
|