Op der Schock
     

Buttik zu Réiden

Atelier

All eis Produit’en verkafe mir an eisem Buttik zu Réiden, deen dem Atelier ugegliddert ass:

OP DER SCHOCK
34A, Räichlerstrooss
L-8508 Réiden/Atert
Tël: +352 26 62 93 – 1
Email: info@ods.lu

Op vun méindes bis freides, vun 8.00 bis 12.00 a vun 13.00 bis 17.00. An der Saison hu mir extra Öffnungszäiten, an och Verkafsdeeg déi mir am Virfeld matdeelen.

 

Gäertnerei

Atelier

An eiser Gäertnerei fannt dir all Zorten vu Blummen, Stauden, Sträicher a Beem. Fréijoers- a Summerblummen, souwéi och Stauden zille mir selwer an eisen Zäeren zu Réiden. An eisem Buttik zu Réiden fannt dir och eng Auswiel un Sträicher an Arrangementer. Gäeren huele mir Bestellungen ëntgéint, a planzen iech äer Coupen a Jardiniairen op Wonsch.

Fir déi Summerblummen, déi mir selwer zillen kënnt dir elo schon eng Virbestellung bei eis maachen.

Atelier

Eis Gäertneréquipe liwwert iech och gréisser Commanden heem, mecht Uplanzungen an iwwerhëllt Entretiensarbechten, wéi z.b. Wues méinen oder Hecke schneiden.

Käerzenatelier

Atelier

Am Käerzenatelier op der Schock zu Réiden ëntwerfen a produzéieren mir all Zorten vu Käerzen. Kommt iech eis nei Modeller vu Käerzen, ukucken. An eisem Atelier fannt dir och dee passende Remerciement fir äer Familjefester: Kanddaf, Kommioun, oder Hochzäit. Op Wonsch maache mir Iech déi passend Käerzen zu äerer Dekoratioun. Eis nei Käerzen mat Schokolas- oder Ambiente-Doft suergen fir di richteg Atmosphère an äerer Stuff oder op der Terrasse.

Keramik

Atelier

Säit engem gudde Joer hu mir elo och ee Grupp, dee regelméisseg am Keramik schafft. Ugefaang huet dësen Atelier mat engem Keramikprojet, dee mer iwwert d’Wanterméint realiséiert hun. Mat vill Freed a Begeeschterung hun eis Leit Keramikkuggelen vun alle Gréissten, Hénger fir d’Ouschterzäit a flott Cache-pot’en hirgestallt, déi an eisem Buttik zu Réiden vill Succès haten. Dunn hu mir décidéiert, dëse Keramikprojet weiderzeféieren, fir esou haptsächlech eisen eelere Mataarbechter aus dem Atelier nei Arbechtsméiglechkeeten ze bidden.

All Dag ëntstinn hei nei Unikater, déi dir an eisem Buttik an och an eisem Atelier zu Réiden kënnt bewonneren.

Mosaïk

Atelier

An de Wanterméint, stellen eis Gäertneréquipen flott Dekoratiounsobjet’en aus an Mosaïk hir, déi dir elo schon an eisem Buttik kënnt bestellen.

Kichen

Tapenaden a Pesto

Säit dem Summer 2011 stelle mir den neie Schokelasbotter „Schock’ola“, souwéi och verschidden Zorten vun Tapenaden a Pesto hir.


Atelier

An eiser Kiche kënnt dir Sandwichen a Canapé´en, een Zalotebuffet, ee waarmen Eintopf oder ähnleches fir äer Fester bestellen.