Op der Schock
     

Wëlls Du zu eiser Equipe gehéieren?

 

Mir bidden eng flott an ofwiesslungsräich Arbecht an engem multidisziplinären Team.

Eist Leitmotiv:

 Zesumme gi mer wait!

 

Op der Schock a.s.b.l an s.c. stellt an:

 

 1 Psycholog (m/f/n), CDI 30-40h/Woch  
 fir eise Service Ressources 
 — REF: ASBL202609

 

Deng Missioun:

  • Zesummenaarbecht an engem multidisziplinärem Team
  • Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
    ● Individuell Suivien an enger ganzheetlecher Approche, Gespréichsgruppen…
    ● Bedeelegung um diagnostesche Prozess vun de betreite Persounen
    ● Bedeelegung un der Evaluatioun vun de Besoinen an de Ressource vun de betreite Persounen
    ● Aktive fachlechen Austausch an Matschaffen an der Erstellung vun Begleedungspläng
  • Fachlech Ënnerstëtzung vun den Equippen um Terrain bei psychologeschen, relationalen oder verhalenskreati-ven Erausfuerderungen, besonnesch a méi komplexe Situatiounen
  • Gestioun vun den Admissiounen an eisen verschiddenen Servicer an Begleedung vun dësem Prozess
  • Verschrëftlechung vu Konzepter, Verfaasse vu Rapporten a fachlecher Dokumentatioun

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannte Diplom als Psycholog
  • Erfahrung an der Aarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
  • Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
  • Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun
  • Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht
  • Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
  • Gutt PC-Kenntnisser

Wat mir dir bidden ?

  • Horaire: gëtt Opgrond vun den Suivi’en ugepasst — tëschent 8h — 18h
  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
  • Vernetzung mat anere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C7

Konditiounen:

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

 

... hier die Announce « Psycholog » als PDF herunterladen.

 

 

 1 Infirmier (m/f/n), CDI 20 St. + 20 St. CDD (Remplacement Disp./Congé mat./par.)/Woch 
 fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg 
 — REF: ASBL202607

 

Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • De medezinesche Suivi vun de betreiten Persounen an hierem Dossier assuréieren
  • Medikamenter stellen a kontrolléiren
  • Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Loscht sech an engem Team ze engagéiren
  • Bereetschaft, och weekends an owes ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

 

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

 

... hier die Announce « Infirmier » als PDF herunterladen.

 

 1 Agent de nettoyage (m/f/n), CDI 20 St./Woch 
 fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg 
 — REF: ASBL202611

 

Missioun:

  • Botze vun engem Wunngrupp vir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Gestioun vun der Wäsch (Wäschen, Falen, Strecken)
  • Respektéieren vun den Hygiènesreegelen
  • Respektéieren an Anhale vu Virgabe betreffend Produit’en a Material

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Grëndlechkeet an Zouverlässegkeet
  • Erfarung am Botzen an engem änlechen Beräich as vu Virdeel
  • Eng Formatioun am Beräich vun der Hygiene (HACCP) as vun Virdeel
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kapabel, autonom ze schaffen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen

Konditiounen:

  • Carrière C1 vun der CCT SAS
  • Horaire : 8:00 — 12:00
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Casier 3,4,5

 

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

 

... hier die Announce « Agent de nettoyage » als PDF herunterladen.

 

 1 Educateur diplômé (m/f/n), CDI 30-40 St./Woch 
 fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg 
 — REF: ASBL202612

 

Deng Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
  • Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
  • Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS, Carrière C4
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

 

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

 

... hier die Stellenausschreibung « Educateur diplômé » als PDF herunterladen.

 

 1 Encadrant fir eis Atelier’en Fieder-Liicht an Kreativ, CDD 1 Joer ab dem 01/01/2027 (remplacement congé maternité/parental) 20 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden 
 — REF: COOP202603

 

Missioun:

Atelier Fieder-Liicht

  • Iwwersetzen vun Texter an d‘liicht Sprooch
  • Leeden vun eise Préiwgruppen vu Mënsche mat spezifesche Bedierfnisser:
     —  déi Texter an der liichter Sprooch préiwen an upassen
     —  déi touristesch Angeboter testen a Virschléi maache wéi des kënne méi inklusiv gestallt ginn
  • Projeten am inklusiven Tourismus mat ausschaffen
  • Austausch mam Client

Atelier Kreativ

  • Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung kreativ Produkter fir den Verkaaf an eisem Buttek hierstellen
  • Encadrement vum Grupp:
     —  Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
     —  Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung
     —  Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
  • Eng kreativ Produktioun fir den Verkaaf an eisem Geschäft opbauen

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am pädagogesche Beräich (zb.Erzéier)
    oder Beruffserfahrung an der Begleedung vu mat Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung
  • Kenntnisser vun der liichter Sprooch, respektiv Loscht sech an dee Beräich anzeschaffen
  • Kreativitéit an Bereetschaft fir nei Iddien auszeschaffen
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Fähegkeet hunn autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Freed an Engagement an der Aarbecht
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • CDD fir 1 Joer als Remplacement am Kader vun engem Congé de maternité/parental ab dem 01/01/2027, mat méiglecher Perspektiv op eng Verlängerung vum Kontrakt
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

 

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

 

... hier die Announce « Encadrant fir eis Atelier’en Fieder-Liicht an Kreativ » als PDF herunterladen.

 

 1 Kach/Traiteur (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Kichenatelier zu Réiden 
 — REF: COOP202604

 

Missioun:

  • Verantwortung iwwerhuelen fir den Traiteurberäich
  • Encadrement a Leedung vun enger Equip vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Zesummen mat der Equip di verschidde Produktiounen an Aarbechten fachgerecht duerchféieren
  • Qualitéit vun de Produit‘en an Ëmsetzen vun den Normen HACCP garantéieren
  • Verantwortung huelen fir nei Produit’en ze entwéckelen an den Traiteurberäich weiderzeentwécklen

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach/Traiteur, niveau DAP
  • Beherrschen vun den HACCP Normen
  • Kreativitéit a Freed qualitativ héichwäerteg Produit’en hierzestellen
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kompetenzen hun fir autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Loscht, an engem engagéierten Team matzeschaffen
  • PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS, C3
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

 

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

 

... hier die Announce « Kach / Traiteur » als PDF herunterladen.

 

Fir all Posten:

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS.
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg)un:

 

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L—8501 Redange

 

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

 

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

 

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.

 

Tel: +352 26 62 18 81

E-mail: recrutement@ods.lu

Home ...