Op der Schock
     

 Fréijoer Op der Schock 

 Besuch vum Familljeminister Max Hahn 

Op der Schock Familljeminister Hahn 2024

 

Den 22. August 2023 war den Familljeminister Max Hahn op Besuch bei Op der Schock zu Réiden.

Hien huet eng Visitt vun eisen Atelieren an eisem Buttik gemaach. Dobäi huet hien sech vill Zäit geholl, fir intensiv Gespréicher mat eise Mataarbechter*inne mat intellektueller Beanträchtegung a mat hirem Betreiungspersonal ze féieren.

Si hunn him en Abléck an déi verschidden Aarbechtsfelder ginn an och eis villfälteg Produite virgestallt.

Den Här Minister huet och den Ausbildungsberäich vun Op der Schock an eise Service Activités de Jour besiichtegt.   

Mir hunn eis iwwert de Besuch gefreet a soen dem Minister Hahn e grousse MERCI fir säin Intressi.

 

Op der Schock Familljeminister Hahn 2024

 

Op der Schock Familljeminister Hahn 2024

 

Op der Schock Familljeminister Hahn 2024

 

Op der Schock Familljeminister Hahn 2024

 

Op der Schock Familljeminister Hahn 2024

 

Op der Schock Familljeminister Hahn 2024

Line

 Besuch vum Aarbechtsminister 

Op der Schock Premierminister-Familljeministesch-2021

 

Den 8. Juni 2023 war den Aarbechtsminister Georges Engel op Besuch bei Op der Schock zu Réiden.

Op engem ausféierleche Rondgang duerch eis Atelieren an de Buttik konnt hien intensiv Gespréicher mat eise Mataarbechter*inne mat intellektueller Beanträchtegung a mat hirem Betreiungspersonal féieren. Dobäi huet hien en déiwen Abléck an déi verschidden Aarbechtsfelder an och d’Produiten vun Op der Schock kritt.  

Mir hunn eis iwwert de Besuch gefreet a soen dem Minister Engel e grousse MERCI duerfir.

 

Aarbechtsminister Georges Engel 2023

 

Aarbechtsminister Georges Engel 2023

 

Aarbechtsminister Georges Engel 2023

Line

Reportage vun Nordliicht TV

 

Op der Schock News 2021

Iwwer Land a Leit

 E Reportage vun Nordliicht TV 

 

Line

Eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Op der Schock Sponsoren Wunnstruktur

 

Eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

ass an 2 Gruppen opgedeelt, an deenen d’Leit an enger familljenähnlecher Atmosphär zesummeliewen. Zu all Wunngrupp gehéiert och een Zëmmer, wou Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung fir ee kuerzen Zäitraum (Weekend, eng oder méi Wochen) oder an enger Noutsituatioun kënnen opgeholl ginn. Ausserdeem ginn et 3 Studioen, an deenen 1-2 Leit méi autonom kënne liewen.

Wann Dir dëse Projet wëllt ënnerstëtzen, kënnt Dir dat maache mat engem Don op de Kont IBAN LU34 0090 0000 4025 0607 (CCRA)

Mir soen Iech villmols MERCI!

Line

Wëlls du zu eiser Equipe gehéieren?

 

Mir bidden eng flott an ofwiesslungsräich Arbecht an engem multidisziplinären Team.

Eist Leitmotiv: Zesumme gi mir mei wait ! ... méi Informatiounen ...

 

Line

Eise Buttek

Butteck Op der Schock Reiden

An engem gemittleche Kader, fann Dir d’Produkter aus eisem Atelier Protégé:

 

DEKORATIOUN

  • Käerzen (déi och kënnen personaliséiert ginn fir eng Daf, eng Kommunioun an all Är Fester)
  • individuel an eenzegaarteg keramik Sculpturen
  • eng Selektioun vu Kadosartikeln a Cachepot’en
  • handgemeeten Kaarten

Mir koordinéieren fir Iech Är Blummen, Deschdeko a Käerzen, a kënnen esou guer passend Servéite fir dobäi maachen. Frot einfach no: mir erfëllen Iech gäeren Är Wënsch.

Line

JARDINAGE

  • Zëmmerpflanzen
  • Sträich a Beem fir dobaussen
  • Fréijoers a Summer Blummen (och op Commande)
  • Stauden
  • Griesser
  • eng Selektioun vun Arrangementer a Bouquet’en mat fresch Blummen (op Commande erfëlle mir Iech gäeren Äre Wonsch)

Mir zillen Griesser an eng Selektioun vu Stauden och op Commande. Gäere kënn Dir och Är Jardinièren a Coupen vun eis fëlle lossen.

Line

RESTAURATION

  • eise Schokolas Botter, Schock’ola, a 5 verschidden Zorten (schwaarze Schokola mat Ness, schwaarse Schockola mat Bittermandel schwaarze Schokola mat Hunneg; schwaarz-wäisse Schokola mat Ness an schwaarz-wäisse Schokola mat Kokosnoss).
  • Hierlänner Sirup
  • verschidden Zorte Gebees an Uelleger
  • preparéiert Zaloten
  • Zoppen am Glas: z.B. Ierzebulli a Bouneschlupp
  • Tapenaden an Pesto’en
  • Service Traiteur op Commande: Schnittercher, Verrinen, Pain Surprise, Schokola’s Kuch a Kéistaart.

Line

Öffnungszäiten:

Méindes bis Freides vun 8 bis 12 a vun 13 bis 17 Auer. Samschdes vun 8 bis 12 Auer.

Kuckt no an eisem Kalenner.

Line

D’asbl OP DER SCHOCK

D’asbl OP DER SCHOCK géréiert Servicer fir Mënschen mat enger geeschteger Behënnerung. De Sëtz vun der Organisatioun ass zu Réiden/Atert op 34A Räichlerstrooss.

Eis Organisatioun ass an Enn de 60ger Joeren gegrënnt gin als Sektioun vun der Ligue HMC. 1985 gouf aus dëser Sektioun eng eegestänneg asbl mam Numm Ligue HMC section de Redange asbl. An sengen Ufanksjoeren huet d’Sektioun d’Schoul fir Kanner mat enger geeschteger Behënnerung zu Réiden ënnerstëtzt. D’Comitésmemberen (zum Deel Elteren vu Kanner mat enger Bëhënnerung) hun ee Schoulfest organiséiert, Kaarten a Bastelarbechten verkaaft, fir de Kanner eng Vakanz ze bezuelen oder Schoulmaterial ze kafen, well zu déer Zäit war d’Behënnerteschoul nach nët verstaatlecht.

weiderliesen ...

Line

Atelier protégé

Atelier Protege

Line

An eisem Atelier protégé zu Réiden schaffen 47 Mënschen mat enger geeschteger Behënnerung. weiderliesen ...

Line