Wëlls Du zu eiser Equipe gehéieren?
|
Mir bidden eng flott an ofwiesslungsräich Arbecht an engem multidisziplinären Team.
Eist Leitmotiv:  Op der Schock a.s.b.l an s.c. stellt an:
1 Coordinateur fir eis kreativ Atelier‘en (m/f/n), CDI, 40 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden — REF: COOP202601
|
Deng Missioun:
An engem Team vu Coordinateuren zesummen d’Leedung vun den Ateliers d’Inclusion Professionnelle assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock.
Een Schwéierpunkt vun denger Aarbecht läit an der Leedung vum kreative Beräich:
Leedung vum Team
- Aarbechtsorganisatioun a Fonctionnement vum Alldag mat der Equipe zesumme plangen an ëmsetzen
- Leedung vun Teamversammlungen
- Féierung vu Mataarbechtergespréicher
Ënnerstëtzung an der pädagogescher Aarbecht:
- Aarbechtsofleef strukturéieren an un d’Kompetenze vun eise betreite Mataarbechter upassen
- Entwécklung an Aktualiséierung vun Aarbechtsprozeduren an Zesummenaarbecht mam Team
- Fërderung vun de Kompetenze vun de betreite Mataarbechter
Organisatioun vun der kreativer Produktioun zesumme mam Team (Käerzen, Keramik, Floristik, etc.)
Een weidere Schwéierpunkt ass den aktive Suivi an d‘Koordinatioun vun den Evaluatiounen an de Kompetenzbilanen vun de betreite Mataarbechter (initiale Kompetenzenbilan, Dokumentatioun vun den Aktivitéiten, Formatiounspläng a Projeten zur berufflecher Inklusioun).
Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Coordinateur matbrénge solls:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Bachelordiplom am Beräich Pädagogik an/oder Management
- Ee Leadership, gepräägt duerch eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht,
- Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
- Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun
- Fäegkeet, Freed a Motivatioun, souwéi och den Equippegeescht ze fërderen
- Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht
- Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Gutt PC-Kenntnisser
Wat mir dir bidden ?
- Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
- Vernetzung mat anere Servicer
- Reegelméisseg Formatiounen
- Aschaffen vun der Direktioun an deenen anere Memberen vum Leedungsteam
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C6
Konditiounen:
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
hier die Stellenausschreibung « Coordinateur kreativ Atelieren » als PDF herunterladen.
1 Ouvrier qualifié (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Service technique — REF: ASBL202516
|
Missioun:
- Den allgemengen Ënnerhalt vun de Gebaier, den Ausseberäicher an dem Fuhrpark assuréieren.
- Ënnerhalts- a Reparaturaarbechten a verschiddene technesche Beräicher mat Schwéierpunkt op den Heizungs- a Sanitärsinstallatiounen
- Weider Aarbechten déi zu den Missiounen vum Service technique gehéieren:
— Liwwerungen an Transport vu Material
— Virbereedungen an Op-an Oofrichten bei Aktivitéiten an Evenementer
— Sortéierung an Entsuerge vum Offall
- Enk Zesummenaarbecht mat aneren Servicer an externen Firmen
- D‘Respektéiere vun de Sécherheets- a Qualitéitsnormen garantéieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am technesche Beräich (DAP oder equivalent; zum Beispill DAP Installateur chauffage-sanitaire)
- Gutt Kenntnisser a Kompetenzen a verschiddenen techneschen a manuelle Beräicher (besonnesch am Beräich Chauffage a Sanitär, elektresch Installatiounen, Renovatiounsaarbechten, ...)
- Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Loscht, sech an engem dynameschen a motivéierten Team ze engagéieren
- PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- CDI 40h Carrière C3
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B (Führerschäin BE ass vu Virdeel)
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
... hier die Stellenausschreibung « Ouvrier qualifié Service technique » als PDF herunterladen.
1 Aide-soignant (m/f/n), CDI 30 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg — REF: 202515
|
Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Prinzip vun Teilhabe an der authentescher Inklusioun entsprécht
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-soignant
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Eng respektvoll, léisungsorentéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Wäertschätzenden Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
... hier die Stellenausschreibung « Aide-soignant » als PDF herunterladen.
1 Educateur diplômé (m/f/n), CDI 30-40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg — REF: ASBL202504
|
Deng Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
- Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
... hier die Stellenausschreibung « Educateur diplômé » als PDF herunterladen.
Fir all Posten:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS.
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg)un:
Op der Schock Ressources humaines B.P.10
L—8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.
Tel: +352 26 62 18 81 E-mail: recrutement@ods.lu
Home ...
|