Op der Schock
     

GROUSSEN FRÉIJORSBLUMMENVERKAF

am Atelier Protégé Op der Schock
vum 07. bis den 20. Mee 2012 op vun 08.00 bis 18.00 Auer


Samschdes, den 12. an 19. Mee 2012
op vun 08.00 – 12.00 Auer


 

Badminton Tourneier

Kommt samschdes de 5 Mee an den Atertlycée! De Badminton Préizerdall organiséiert een Tournoi, den Erléis ass fir eise Wunnprojet zu Mäerzeg.

 

Mir stellen an!

Ee Landschaftsgäertner (m/f) 30 oder 40 St./Woch

Lob für unzählige Dienste

Besuch der Integrationsministerin Marie-Josée Jacobs
Neue Perspektiven dank neuer Räumlichkeiten

Hier zum Beitrag: Luxemburger Wort


Passend zum Thema: 2010 // Hoher Besuch in den Räumen der „Op der Schock Asbl“ in Noerdingen, Integrationsministerin Marie-Josée Jacobs lobt Einsatz für Behinderte.

Hier zum Beitrag: Luxemburger Wort

Ënnerstëtzt eise Projet Wunnstruktur!

D’asbl OP DER SCHOCK baut eng Wunnstruktur fir Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung zu Mäerzeg.

D’Wunnstruktur gëtt an 2 Gruppen opgedeelt, an deenen d’Leit an enger familjenähnlecher Atmosphäre zesummeliewen. Zu all Wunngrupp gehéiert och een Zëmmer, wou Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung fir ee kuerzen Zäitraum (Weekend, eng oder méi Wochen) oder an enger Noutsituatioun kënnen opgeholl gin. Ausserdem sin 3 Studioe virgesin, an deenen 1-2 Leit méi autonom kënne liewen.

Wann Dir dëse Projet wëllt ënnerstëtzen, kënnt Dir daat maachen mat engem Don op de Kont IBAN LU27 0030 1541 8990 0000 bei der BGL (BGLLULL)

Mir soen Iech villmols MERCI!

Eise neie Buttik ass op!

Atelier

Kommt an entdeckt eis Keramiken, Käerzen a Planzen an engem gemittlechen
an oppene Kader!

D’asbl OP DER SCHOCK

D’asbl OP DER SCHOCK géréiert Servicer fir Mënschen mat enger geeschteger Behënnerung. De Sëtz vun der Organisatioun ass zu Réiden/Atert op 34A Räichlerstrooss.

Eis Organisatioun ass an Enn de 60ger Joeren gegrënnt gin als Sektioun vun der Ligue HMC. 1985 gouf aus dëser Sektioun eng eegestänneg asbl mam Numm Ligue HMC section de Redange asbl. An sengen Ufanksjoeren huet d’Sektioun d’Schoul fir Kanner mat enger geeschteger Behënnerung zu Réiden ënnerstëtzt. D’Comitésmemberen (zum Deel Elteren vu Kanner mat enger Bëhënnerung) hun ee Schoulfest organiséiert, Kaarten a Bastelarbechten verkaaft, fir de Kanner eng Vakanz ze bezuelen oder Schoulmaterial ze kafen, well zu déer Zäit war d’Behënnerteschoul nach nët verstaatlecht.

weiderliesen ...

Atelier protégé

An eisem Atelier protégé zu Réiden schaffen 25 Mënschen mat enger geeschteger Behënnerung.

weiderliesen ...

Produit’en aus eisem Atelier protégé

 

  • Gäertnerei
  • Käerzenatelier
  • Dekoratiounsobjet’en
  • Sandwichen
  • Eintopf

weiderliesen ...